Dir hutt en Déier gesinn oder fonnt? Verëffentlecht elo eng Fundmeldung. Är Informatioun gëtt schnell op ville Plazen verbreet.
Är Meldung ass op der Plattforme verbreet petalert.it , mee och op de sozialen Netzwierker (Facebook, Twitter, Instagram, Pinterest). Eise Reseau u Watchers (Fräiwëlleger) gëtt automatesch informéiert. Eis Partner-Déierendokteren am Ëmfeld vum Déier sengem Fund ginn och benoriichtegt.
Eise Service stellt automatesch Affichen a Flyeren hir, déi Dir ausdrécke kënnt.
D'Erstellen vun enger Fundmeldung ass eng Prozedur 100% GRATIS
Et ass eis eng Éier d'Confidentialitéit vun ären Informatiounen ze garantéieren. Dës Informatiounen ginn ni op der Plattforme verëffentlecht oder un drëtt Persounen weiderginn.
D'Meldungen ginn anonym verbreet : d'Coordonnéeën vun eise Memberen kommen net zum Virschäin, am Géigesaz zu villen anere Siten oder Servicer déi op den sozialen Netzwierker bei Sich no Déieren aktiv sinn. Mir wëllen esou ongewollten Uriff, Bedruch an Versich vun Erpressung verhënneren.
Fir d'Kommunikatioun tëscht eise Memberen ze erliichteren, huet PetAlert eng intern Messagerie entwéckelt, dem säin Inhalt och vun eisen Ekippen kontrolléiert gëtt.